Ufank vun der Feier
De Geeschtlechen (oder den Diakon) fänkt dFeier un am Numm vum Papp a vum Sonn a vum Hellege Geescht.
Duerno begréisst hien dLeit. |
Begréissung
Léif Frënn!
Mir sinn hei an der Kierch zesummekomm mam N. a mam N., déi haut fir hire gemeinsame Stot ëm dem Herrgott seng Kraaft bieden. Si wëssen, datt si sech selwer net duerginn a wëllen een Drëtten, den Herrgott, an hirem Bond hunn.
Mir lauschteren déischt op dem Herrgott säi Wuert, wat hien äis seet iwwert de Sënn vum Bestietnes; an da biede mer hien, eise Papp am Himmel, mat Jesus a mat der ganzer Kierch, datt hien dBrautleit seent a se matenee verbënnt.
* * *
Léif Frënn!
Dir sid haut an dKierch komm, fir datt är Léift virum Geeschtlechen (oder dem Diakon) als Zeien a virun allen anere Leit, déi heibanne sinn, vum Herrgott hire Sigel kritt. Christus selwer soll är Léift senen.
Duerch dDaf si Dir ewell mat him verbonnen. Duerch dHëllef vum Sakrament vum Bestiednes wëllt hie bei iech sinn, iech begleden, stärken, erausfuerderen a stéieren, fir datt dir iech trei bleift äert Liewe laang, a fir datt der zesummen de Sënn vum Bestietnes erfëlle kënnt.
* * *
Léif Elteren a Bekannter,
Wa mir haut un der Freed vum N. a vum N. däerfen deelhuelen, dann ass dat, well mir schon e Stéck Wee mat hinne gaange sinn. Haut deele mir mat hinnen hir Freed, ma mir wëllen hinnen och mar a vläicht méi schwéierer Zäit, zur Säit stoën. Mir wëllen elo an eisem Gebiet si selwer an dat, wat si verbënnt, hir Léift an hir Trei, der Gnod vum Herrgott uvertrauen.
* * *
(Begréissung duerch ee vun de Brautleit)
Léif Elteren, léif Famill, léif Frënn,
DN./ den N. an ech géifen iech gäre soen, wat dësen Houchzäitsdag an eis Léift iwwerhaapt fir äis bedeit. Mir géifen iech dat gäre soen, well mir déif emfannen a mir dës Gefiller mat iech deelen wëllen. Gefiller hunn a Gefiller ausdrécken, ass fir äis zwee ganz wichteg. Well an deenen ... Joer, wou mir äis kennen, hu mir geléiert, datt et dHäerz ass, dat déi Entwécklung viru bréngt, déi all Mënsch muss maachen, fir dGléck déif kënnen zemfannen.
DN./ den N. an ech hunn erkannt, datt et dBestietnes tëschent zwee Mënschen ass, dat de Wee weist zur Erfëllung an domadden zu Gott. Mir ginn äis selwer net duer. Géife mir elleng ee vun deem aneren eist Gléck erwaarden, da géife mir äis géigesäiteg einfach iwwerfuerderen. Mir kënnen net ee fir deen aneren alles sinn a mussen een deem aneren och verzeie kënnen. Mir brauchen a froë fir dëse Wee dem Herrgott seng Hëllef. Dat ass och de Grond, firwat mir äis an der Kierch bestueden.
Mir brauchen och Iech: eis Famill, Frënn a Kollegen, déi Dir haut Zeie sidd vun eisem Jo-Wuert. Merci, datt Dir haut mat äis feiert. Merci, datt dir och mar, wa Schwieregkeeten an den Alldag eis Léift erausfuerderen a préiwen, zur Säit stidd, an äis als Koppel net eleng loosst.
|
No der Begréissung leet den Zelebrant iwwer zum Kyrie.
An der Brautmass ass de Gloria net virgesinn. En däerf awer ausserhalb vun der Advents- a Faaschtenzäit gesongen oder geschwat ginn, je nodeem, mat wat fir enger Festlechkeet dFeier gehal gëtt.
|
Kyrie
Loosse mer äis elo alleguer, um Ufank vun dëser Feier, der Léift an dem Erbaarme vu Christus uvertrauen:
Här Jesus Christus, du waars op der Houchzäit vu Kana, du hues Freed a Leed vun de Mënsche gedeelt: mir hunn et dacks schwéier, aneren hir Freed vun Häerzen ze gonnen.
Kyrie, eleison.
Här, erbaarm dech (eiser).
Här Jesus Christus, duerch däi Stierwen an däin Operstoe kritt dLéift vun de Mënschen hir lescht Erfëllung: dat ze gleewen, fällt äis schwéier, besonnesch wa Leed a Problemer eist Liewen duerchkräizen.
Christe, eleison.
Christus, erbaarm dech (eiser).
Här Jesus Christus, duerch däi Geescht méchs du eist Häerz nei an eis Léift méi déif: mir wëlle vun dir dacks net gestéiert ginn, well Verzeien, Verzichten, Vertrauen
net ëmmer einfach sinn.
Kyrie, eleison.
Här, erbaarm dech (eiser). |
Am Gebiet vum Dag soen dBrautleit dem Herrgott duerch de Mond vum Zelebrant, wat hiert Uleies ass.
|
Gebiet vum Dag
Herrgott, an dengem Plang ass dBestietnes eppes Grousses an Helleges, esou grouss wéi dLéift vu Christus zu senger Kierch. Héier op eist Gebiet fir déi Brautleit hei (fir den N. an dN.). Maach, datt dGnod vum Sakrament, dat si am Glaf emfänken, och wiirksam gëtt an hirem Liewe mateneen.
Duefir biede mer duerch Jesus Christus, däi Sonn, eisen Här an eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.
* * *
Herrgott, aus onzielege Mënschen hues du eng Fra an ee Mann zesummegefouert. Si wëllen een deen anere glécklech maachen an een deem anere Gebuergenheet schenken.
Haut wëlle si virun dir a virun eis an denger Kierch verspriechen, datt si een deen anere gären hunn a sech ee Liewe laang wëllen trei bleiwen. Duerch hiert Bestietnes wëlls du, datt deng Léift an deng Trei zu äis Mënsche sichtbar gëtt. Dofir biede mer dech fir dN. an den N.: stäerk hir Léift zuenaner, hir Léift zu dir an zu hire Matmënschen a bleiw bei hinnen all Dag vun hirem Liewen, duerch Christus, eisen Här. Amen.
* * *
Herrgott, du bass wéi ee gudde Papp an eng gutt Mamm. Du wëlls, datt all Mënsche frou a glécklech ginn. Hal deng Hand iwwer dës Koppel. Begleet dN. an den N. op hirem Wee. Schenk hinnen een erfëlltent Liewen.
Dorëms biede mir Dech, duerch Christus, eisen Här. - Amen.
* * *
Gott, du bass dQuell vun der Léift. Du bass och den Ursprong vum Zoufall, wann zwee Mënschen zouenaner fannen.
Mir bieden Dech: Maach äis zougänglech fir däi Message, datts du dLéift selwer bass a wëlls, datt duerch dLéift zuenaner mir Mënschen dErfëllung vun eisem Liewe fan-nen.
Mir bieden dech och fir dës Brautleit: datt dN. an den N. op deem Wee, deen si matenee goe wëllen, hiert ganzt Liewen duerch, zesummen a Freed an a Leed bestoe kënnen.
Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här. Amen.
* * *
Du, dee, mir Gott nennen! Keen huet dech je gesinn. An dach gleewe mir, datt alles aus denger Hand kënnt, grad och dLéift tëscht Fra a Mann. Mir bieden dech fir dN. an den N.. Hir Weeër hu sech begéint. Si komme virun dech, fir sech een deem aneren dat Wuert ze soen, dat se vun elo u matenee verbënnt. Mir bieden dech, Gott: So du och Jo zu hinnen an zu hirem Wuert! Amen.
* * *
Herrgott, dN. an den N. wëlle sech virun dengem Altor dJo-Wuert fir hiert Liewe ginn. Begleet du si duerch dHéichten an dDéiften vun hirem Liewenswee a schenk hinnen de Wëllen an dGnod, sech ëmmer gär ze hunn a sech trei ze bleiwen. Duerfir biede mir dech, duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen.
|
|
Wuertgottesdingscht
Liesungen aus der Helleger Schrëft
Als éischt Liesung kann een Text aus dem Alen Testament oder aus engem Bréif aus dem Neien Testament geholl ginn oder soss ee fir dOccasioun passenden Text. Déi éischt Liesung soll vun engem Zeien oder vun engem Gaascht virgedroe ginn.
|
Liesungen aus dem Alen Testament
Liesung aus dem Buch Genesis (Gen 1,26-28)
De sechsten Dag sot den Herrgott: Elo wëlle mir de Mënsch maachen, ee Wiesen, dat äis gläich ass! Hie soll dMuecht hunn iwwer dFësch am Mier, iwwer dViggel an der Loft an iwwer all dDéieren op der Äerd.
Den Herrgott huet also de Mënsch geschafen no sengem Bild, als Mann an als Fra huet hien se geschafen. Hien huet dMënsche geseent an zu hinne gesot: Sid fruchtbar! Verdeelt iech iwwer dWelt an huelt se an äre Besëtz! Ech stellen iech iwwer dFësch, dViggel an all aner Déieren an ech vertrauen se ärer Suerg un.
* * *
Liesung aus dem Lidd vun de Lidder (Hld 2,8-10.14.16a; 8,6-7)
DBraut seet: Lauschter! Deen ech gär hunn, ech héieren hie kommen! E spréngt iwwer Bierger an Hiwwelen, flénk a gewieweg mecht en sech erbäi. Kuck, do steet en, dobaussen, hannert eisem Haus. E kuckt zur Fënster eran, heemlech luust en durch dTrueljen. Hien, dien ech gär hunn, sot zu mir: Stéi op, mäin Häerz, du bas dat Schéinst!
Verstopp dech net an de Fielsen, méng Däifchen, verkrauch dech net am Gestengs. Weis mir däi Gesiicht, looss mech deng Stëmm héieren, well deng Stëmm ass duuss a wonnerschéin ass däi Gesiicht.
Hie gehéiert mir, an ech gehéieren him.
Hien huet zu mir gesot: Mäi Numm sief an däin Häerz geschriwwen, dro mech wéi e Sigelrank un denger Hand. Jo, dLéift ass staark wéi der Doud, wie se pakt kënnt ni méi lass. Wéi dGlous am Feier ass dLéift, e gewaltege Brand, eng göttlech Flam. Och e Waasserfall kritt dLéift net geläscht, dausend Flëss kréien se net ewechge-schwemmt.
* * *
Liesung aus dem Buch Kohelet (Koh 3,1-5.8)
Alles huet seng Stonn. Fir alles, wat ënnert dem Himmel geschitt, gëtt et eng bestëmmten Zäit:
Eng Zäit fir Kanner an dWelt ze setzen an eng Zäit fir ze stierwen, eng Zäit fir ze planzen an eng Zäit fir dPlanzen eranzehuelen,
eng Zäit fir doud ze maachen an eng Zäit fir ze helen, eng Zäit fir ofzeräissen an eng Zäit fir ze bauen,
eng Zäit fir ze kräischen, ze kloen an eng Zäit fir ze danzen,
eng Zäit fir Steng ze geheien an eng Zäit fir Steng ze sammelen, eng Zäit fir sech zemärbelen an eng Zäit fir lass ze loossen,
eng Zäit fir gär ze hunn an eng Zäit fir ze haassen, eng Zäit fir de Krich an eng Zäit fir de Fridden.
* * *
Liesung aus dem Buch Kohelet (Koh 4,9-12)
Zwee sinn op jiddefall besser drun ewéi een eleng. Wann zwee Mënschen zesumme schaffen, da bréngen si et éischter zu eppes.
Wann der zwee ënnerwee sinn an et fällt een, dann hëlleft een deem anere beim Opstoen. Mä wann een eleng geet, dien ass schlecht drun, wann e fällt, well keen him hëllefe kann.
Wann et kal ass, kënnen zwee Mënschen séch géigesäiteg wiermen. Mä wéi soll een eleng séch waarm halen?
Een eleng ka liicht ugegraff ginn, mä zwee wieren den Iwwerfall of. Nach besser sinn der dann dräi; et gëtt jo gesot: Ee Seel aus dräi Schnéier räisst net esou séier. |
|
Liesungen aus dem Neien Testament
Liesung aus dem Apostel Paulus sengem Bréif un dChrëschtegemeinschaft vu Roum (Rom 12,9-11.13-18)
Är Léift sief ouni Schäinhellegkeet. Gitt mat Schudderen dem Béisen aus dem Wee an hänkt un dem Gudden!
Sid vereent an eens een an dem aneren a bridderlicher Léift a respektéiert enaner.
Loost iech ären Äifer an är Generositéit net huelen. Maacht, datt dGlous vum Geescht an iech ni kal gëtt a sid mat Freed eiser Herrgott seng Dénger.
Deelt, wat der hut, mat äre Bridder am Glaw, déi an der Nout sinn an haalt dGaaschtfrënnschaft héich an Éieren.
Seent déi, di iech verfollechen, wënscht hinnen all Gutts a näischt Schlechtes.
Sid lëschteg mat denen, déi sech freeën a kräischt mat denen, déi kräischen.
Sid eens ënnert enaner, streckt dNues net an dLuucht, mä bleiwt einfach an hut Versteesdemech fir dat, wat kleng ass. Verloost iech net op äert perséinlecht Uerteel.
Bezuelt kengem dat Béist mat Béisem zréck a gitt iech Méi fir dat, wat der maacht, an den Ae vun alle Leit gutt ze maachen.
Lieft, esou wäit wéi et méiglech ass a wéi et vun iech ofhängt, mat alle Leit am Fridd.
* * *
Liesung aus dem Apostel Paulus sengem éischte Bréif un dChrëschtegemeinschaft vu Korinth (1 Kor 12,31b - 13,8a)
Ech weisen iech e Wee, deen alles iwwertrëfft:
Wann ech an de Sprooche vun de Mënsche schwätzen an esouguer an deene vun den Engelen, awer keng Léift hunn, da sinn ech e Gong, dee schaalt, oder eng Zimbel, déi kléngt.
A wann ech d'Gof fir ze prophezeien hunn an all Geheimnësser an all Wësse kennen, a wann ech all Glaf hunn, sou datt ech Bierger réckele kéint, awer keng Léift hunn, da sinn ech näischt.
A wann ech mäi ganzt Verméigen no an no ewechginn, a wann ech mäi Läif ausliwweren, fir verbrannt ze ginn (oder: fir mech bretzen ze kënnen), awer keng Léift hunn, dann déngt et mech näischt.
D'Léift ass gedëlleg, gutthäerzeg ass d'Léift, si geréit net an den Äifer, d'Léift bretzt sech net, si spillt sech net op, si ass net ruckelzeg, si kuckt net, fir zu Hirem ze kommen, si léisst sech net ophetzen, si rechent dat Béist net un, si freet sech net iwwer d'Ongerechtegkeet, ma si freet sech iwwer d'Wourecht; alles erdréit si, alles gleeft si, alles erhofft si, alles hält si aus.
D'Léift héiert nimools op!
* * *
Liesung aus dem Apostel Paulus sengem Bréif un dChrëschtegemeinschaft vu Kolossäa (Kol 3,12-17)
Léif Schwësteren a Bridder,
Well dir vu Gott ausgewielt sid a well dir seng Kanner sid, déi e gären hunn an déi zu him gehéieren, dofir soll dir iech och ënnertenaner häerzlech gären hunn an dat voller Baarmhäerzegkeet, Guttheet, Demut, Toleranz a Gedold.
Sträit net mateneen a sid bereet, fir een deem anerem ze verzeien, souguer dann, wann der méngt, dir wäert am Recht. Well och Christus huet iech verziehen.
Dat Wichtegst ass dLéift. Wann dir se hut, da wäert iech näischt felen.
An de Fridden, dee Christus schenkt, soll äert ganzt Liewe bestëmmen. Gott huet iech dozou beruff, als Gemeinschaft an dësem Fridden eens ze sinn. Sot Gott duerfir Mer-ci!
Loosst Christus säi Wuert bäi iech säi ganze Räichtum entfalen. Passt drop op, datt et bei iech richteg verkënnegt a verstane gëtt. Maacht iech Courage a sot iech et am Gudden. Sot Gott vu ganzem Häerze Merci mat Psalmen, Gebieder a Lueflidder, déi den Hellege Geescht iech schenkt. Dir hut dach dem Herrgott seng Gnod erfuer.
Loosst alles, wat der sot a maacht, am Numm vun eisem Här Jesus geschéien. Sou kënn dir Gott, dem Papp, fir alles Merci soen.
* * *
Liesung aus dem éischte Johannes-Bréif (1 Joh 3,18-24)
Mir sollen äis gär hunn, net mat eidele Wierder a laange Rieden, mä an diem wat mir maachen, an aller Éierlechkeet.
Wa mir dat man, da geet äis op, datt mir an der Wourecht sinn, a virum Herrgott kann eist Häerz a Fridde sinn. A wann eist Häerz äis eng Kéier uklot, den Herrgott ass méi grouss wéi eist Häerz. Hie kennt alles.
Léif Schwësteren a Bridder, wann eist Häerz äis net uklot, da kënne mir mat grousser Geloossenheet virum Herrgott stoen. Da gëtt Gott äis, ëm wat mir Hie froen, well mir op dat aginn, wat Hie gären hätt a maachen, wat Him gefällt.
An hei ass säi Wonsch: mir solle Vertrauen hunn op säi Jong Jesus Christus, an een deen anere gären hunn, sou wéi Hien et gären hätt. Wien dem Herrgott follegt, die bleiwt mam Herrgott verbonnen an den Herrgott mat him. Mir wëssen, datt den Herrgott an äis liewt duerch de gudde Geescht, dien Hien äis ginn huet.
|
DEvangelium gëtt ëmmer vum Zelebrant vun der Feier gelies.
Duerch säi Wuert seet den Herrgott äis, wéi hien dBestietnes gesäit a verkënnegt äis esou seng Frou Botschaft.
|
Liesungen aus dem Evangelium
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Markus (Mk 10,6-9)
Ma vum Ufank vun der Schöpfung un huet hien [den Herrgott] si männlech a weiblech gemaach; dowéinst verléisst e Mann Papp a Mamm a verbënnt sech mat senger Fra, an déi zwee ginn eent; duerfir sinn si net méi zwee, ma eent. Wat den Herrgott also matenee verbonnen huet, dat soll de Mënsch net trennen.
* * *
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Matthäus (Mt 5,1-12a)
Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet, ass hien de Bierg eropgaang; hien huet sech gesat, an seng Jünger si bei hie komm. Dunn huet hien ugefaang, si ze léieren, a sot:
"Glécklech déi, déi aarm sinn am Geescht,
well fir si ass d'Himmelräich.
Glécklech déi, déi traureg sinn,
well si gi getréischt.
Glécklech déi, déi duuss sinn,
well si ierwen d'Land, wou si doheem kënne sinn.
Glécklech déi, déi Honger an Duuscht hunn no Gerechtegkeet, well si gi gesiedegt.
Glécklech déi, déi baarmhäerzeg sinn,
well si kréie Baarmhäerzegkeet geschenkt.
Glécklech déi, déi e rengt Häerz hunn,
well si kréien den Herrgott ze gesinn.
Glécklech déi, déi Fridde schafen,
well si gi Kanner vum Herrgott genannt.
Glécklech déi, déi wéinst der Gerechtegkeet verfollegt ginn, well fir si ass d'Himmelräich.
Glécklech sid dir, wann si iech wéinst menger Frechheete maachen, iech verfollegen an zu Onrecht allméiglech Béises iwwer iech soen. Sid frou a jubiléiert, well äre Loun ass grouss am Himmel!
* * *
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Matthäus (Mt 5,13-16)
Dir sid d'Salz vun der Äerd! Wann d'Salz awer fad ginn ass, wouduerch kann et nees salzeg gemaach ginn? Et daacht näischt méi, et ka just nach erausgehäit a vun de Leit zertrëppelt ginn.
Dir sid d'Liicht vun der Welt! Eng Stad, déi uewen um Bierg läit, kann een net verstoppen. Et fänkt ee jo och net eng Luucht un an 't stellt een se ënner e Sieschter, ma 't stellt een se op de Liichter, an da schéngt se fir all déi, déi am Haus sinn. Esou soll äert Liicht virun de Leit schéngen, fir datt si är gutt Wierker gesinn an äre Papp am Himmel verherrlechen.
* * *
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Matthäus (Mt 19,3-6)
Enges Dags koumen e puer Pharisäer bei de Jesus, well si wollten him eng Fal stellen, a si hunn e gefrot: Wéi stees du zur Schedung? Däerf ee sech vu senger Fra aus engem x-beliebege Grond trennen?
An de Jesus huet geäntwert: Liest dir dann déi helleg Schrëften net? Do heescht et dach, dass Gott am Ufank Mann a Fra erschafen huet an dobäi sot: E Mann wäert seng Eltere verloossen, fir sech fir ëmmer mat senger Fra ze verbannen! Di zwee wäerten eent sinn an net méi zwee vun enaner getrennte Mënschen. Well dat, wat Gott mateneee verbonnen huet, dat däerf de Mënsch net trennen.
* * *
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Matthäus (Mt 22,35-40)
Ee vun hinnen, deen sech am Gesetz auskannt huet, wollt de Jesus op d'Prouf stellen an huet gefrot: Meeschter, wéi eent ass dat gréisst Gebot am Gesetz? De Jesus huet him geäntwert: Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil a mat dengem ganzen Denken. Dat ass dat gréisst, dat éischt Gebot. Dat zweet awer ass gradesou grouss: Du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer. Un dësen zwee Geboter hänkt dat ganzt Gesetz an och d'Prophéiten.
* * *
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Johannes (Joh 15,9-12)
Esou wéi de Papp mech gär huet, esou hunn och ech iech gär. Bleift a menger Léift! Wann dir meng Geboter halt, da bleift dir a menger Léift, esou wéi ech mengem Papp seng Geboter halen an a senger Léift bleiwen. Dëst hunn ech iech gesot, fir datt meng Freed an iech ass, a fir datt är Freed vollkommen ass. Dat hei ass mäi Gebot: Dir sollt een deen anere gär hunn, esou wéi ech iech gär hunn!
* * *
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Johannes (Joh 15,12-17)
Dat hei ass mäi Gebot: Dir sollt een deen anere gär hunn, esou wéi ech iech gär hunn! Et huet kee méi eng grouss Léift wéi deen, deen säi Liewen hiergëtt fir seng Frënn. Dir sid meng Frënn, wann dir dat maacht, wat ech iech gebidden. Ech nennen iech net méi Kniecht, well de Kniecht weess net, wat säin Här mécht. Ech nennen iech Frënn, well ech hunn iech alles matgedeelt, wat ech vu mengem Papp héieren hunn. Net dir hut mech auserwielt, ma ech hunn iech auserwielt an derzou bestëmmt, datt dir higitt a Fruucht drot, an datt är Fruucht bleift dat, wourëms dir de Papp a mengem Numm frot, dat gëtt hien iech. Dat hei gebidden ech iech: Dir sollt een deen anere gär hunn!
* * *
Liesung aus dem hellegen Evangelium nom Johannes (Joh 2,1-11)
Den drëtten Dag war eng Hochzäit zu Kana a Galiläa, an dem Jesus seng Mamm war do. Och de Jesus an seng Jünger waren op d'Hochzäit geruff. Wéi kee Wäi méi do war, sot dem Jesus seng Mamm zu him: Si hu kee Wäi méi! Du sot de Jesus zu hir: Wat hunn ech domat ze doen, Fra?' Meng Stonn ass nach net komm. Seng Mamm sot zu den Dénger: Maacht dat, wat hien iech seet! Et stounge sechs stenge Waasserkréi do, wéi d'Judden se fir d'Rengegung geholl hunn. A jidderee goungen zwou bis dräi Metreten''. De Jesus sot zu den Dénger: Fëllt d'Kréi mat Waasser! An si hunn se bis uewenhi gefëllt. Du sot hien zu hinnen: Schäfft elo an drot et deem, deen sech ëm d'Iessen an d'Gedrénks këmmert! Si hunn deem et dohi gedroen. Hien huet d'Waasser geschmaacht, dat Wäi gi war. Hie wousst awer net, wou de Wäin hierkoum; d'Dénger dergéint, déi d'Waasser geschäfft haten, woussten et. Dunn huet hien de Bräitchemann geruff a sot zu him: Jidderee setzt fir d'éischt dee gudde Wäin dohinner, an eréischt dann, wann d'Leit es vëllechen hunn, dee manner gudden. Du awer hues dee gudde Wäi bis elo gehal!
Dat hei huet de Jesus zu Kana a Galiläa als Ufank vun sengen Zeeche gewierkt an esou seng Herrlechkeet gewisen, an seng Jünger hunn un hie gegleeft.
' ANER IWWERSETZUNG: WAT HÄSS DU GÄR VU MIR, FRA?
'' ENG METRET SINN CA. 40 LITER
|
Feier vum Sakrament
DBrautleit gi gefrot, ob si e chrëschtlecht Bestiednes agoe wëllen |
DBrautleit gi gefrot, ob si e chrëschtlecht Bestiednes agoe wëllen
Zelebrant: An dëser grousser Stonn vun ärem Liewe sid dir net eleng.
Är Familjen an är Frënn sinn hei bei iech.
Dir kënnt sécher sinn, datt mir an dganz Kierch mat iech verbonne sinn.
Mä och den Herrgott ass mat iech.
Hien ass den Här vun ärem Liewen a vun ärer Léift.
Hie mécht äert Bestietnes helleg a verbënnt iech, N. an N., fir ëmmer an éiweg mateneen, sou wéi dir et elo am Herrgott sengem Wuert héieren hut.
Zelebrant: Ech froen iech, sid dir fräi an ouni Zwank heihi komm, fir iech mateneen ze bestueden?
Brautleit: Jo.
Zelebrant: Verspriecht dir iech, een deem aneren trei ze sinn fir äert ganzt Liewen?
Brautleit: Jo.
Zelebrant: Sid dir bereet, an ärem Stot dFlichten ze droe vu Mann a Fra, vu Papp a Mamm?
Brautleit: Jo. |
DBrautleit gi sech dVerspriechen (dJo-Wuert")
|
DBrautleit gi sech dVerspriechen (dJo-Wuert).
Zelebrant: Da gitt iech een deem aneren dHand. Virum Herrgott a senger Kierch a bei denen zou, déi heibanne sinn, gitt iech elo äert Wuert.
Brautmann: N., wëlls du méng Fra ginn?
Braut: Jo, (ech wëll). An du, N. wëlls du mäi Mann ginn?
Brautmann: Jo, (ech wëll).
Braut: N., ech huelen dech un als mäi Mann an ech schenke mech dir.
Brautmann: N., ech huelen dech un als méng Fra an ech schenke mech dir.
Braut + Brautmann: Mir wëllen äis gär hunn an äis trei sinn a gudden an a béisen Deeg bis un dEnn vun eisem Liewen. |
oder eng Variante:
Den Zelebrant freet dBrautleit eenzel ëm hirt Jo-Wuert. |
Den Zelebrant freet dBrautleit eenzel ëm hirt Jo-Wuert.
Zelebrant: N., wëllt dir dN. unhuelen als är Fra, se gär hunn an hir trei bleiwen a gudden an a béisen Deeg, bis un dEnn vun ärem Liewen?
Brautmann: Jo, (dat wëll ech).
Zelebrant: N., wëllt dir den N. unhuelen als äre Mann, hie gär hunn an him trei bleiwen a gudden an a béisen Deeg, bis un dEnn vun ärem Liewen?
Braut: Jo, (dat wëll ech). |
| DVersprieche vun de Brautleit gëtt bestätegt |
DVersprieche vun de Brautleit gëtt bestätegt.
Zelebrant: Dat Wuert, dat dir iech elo ginn hut virun äis alleguer, dat soll eiser Herrgott iech gutthalen an et ophiewen a sengem Segen.
Zesumme mat ären Zeien, äre Familjen an äre Frënn loosse mer eiser Herrgott merci soe vu ganzem Häerz. |
Senen an Iwwerreeche vun de Réng.
|
Senen an Iwwerreeche vun de Réng.
Zelebrant: Herrgott, du bas den Ufank an dQuell vun der Léift.
Seen + déi Réng hei, déi dBrautleit als Mann a Fra droen.
Si solle fir si hiert ganzt Liewe laang en Zeeche si vu Léift an Trei.
DBrautleit gi sech dRéng.
Brautmann: N., ech ginn dir mäi Rank:
Ech hunn dech gär an ech bleiwen dir trei.
Braut: N., ech ginn dir mäi Rank:
Ech hunn dech gär an ech bleiwen dir trei.
Braut + Brautmann: Dat versprieche mir am Numm vum Papp a vum Sonn a vum Hellege Geescht. - Amen.
|
Wann dBestietnes am Kader vun engem Wuertgottesdingscht ouni Eucharistie gefeiert gëtt, kann op dëser Plaz de feierleche Brautsege gespend ginn.
* * *
DFürbitten sollen dUleies, de Merci an dFreed vun de Brautleit an hire Gäscht virun den Herrgott bréngen. Si solle vun den Zeien oder engem vun de Gäscht virgedroe ginn. DBrautleit kënnen et och selwer maachen. |
Fürbitten
Zelebrant: Loosse mer elo zum Herrgott bieden, deen äis all a senger Léift dréit:
Fir déi Brautleit hei, datt se glécklech gi mateneen a wuessen an der Léift, an och a schwéiere Stonnen zouenee stin.
Herrgott, héier äis!
Alleguerten: Herrgott, erhéier äis!
Fir all, déi där jonker Koppel hei Gutts gedinn hunn: hir Elteren an Erzéier, hir Familjen a Frënn, datt si hinnen och weider mat Rot an Dot zur Säit stoe kënnen.
Fir all bestuete Leit, besonnesch, déi et schwéier mateneen hunn, datt se Versteesdemech firenee behalen an datt sëmmer erëm bereet sinn, nei unzefänken.
Fir dganz Kierch, datt all Chrëschten nom Evangelium liewen, an esou zur Eenheet ënnert de Mënsche bäidroen.
Fir dVerstuerwe vun denen zwou Familjen, datt hiert Sichen no Léift beim Herrgott seng Erfëllung fënt.
Zelebrant: Herrgott, huel eist Gebiet un, dat mir un dech riichten, well du bas dLéift an dGuttheet haut a fir ëmmer.
Alleguerten: Amen.
* * *
Fir dN, an den N.: datt si glécklech a frou ginn an hirem Liewe mateneen, datt hir Léift wiisst am Laf vun de Joëren, datt si och nach fireneen do sinn, wann Enttäuschungen a Leed op si duer kommen, datt si ëmmer nees zouenee fannen, dofir wëlle mer bieden.
Fir all déi, déi si bis haut an hirem Liewe begleet hunn: hir Elteren, déi hinnen dLiewe geschenkt hunn, hir Familljen, an deenen si opgewuess sinn, all déi, déi fir si gesuergt hunn, déi hinnen a Frëndschaft verbonne sinn, fir si all wëlle mir bieden.
Fir all bestuedte Leit: datt si a Freed a Leed zesumme stinn, datt si Gedold a Versteesdemech fireneen opbréngem am Wëssen, datt dLiewen ëmmer nees en neien Ufank verlaangt, dofir wëlle mir bieden.
Fir äis alleguer, déi mir äis haut mam N. a mam N. freën, datt si och spéider op äis ziele kënnen, dofir wëlle mir bieden.
Fir déi Verstuerwen aus de Famillje vun de Brautleit an aus dem Krees vun hire Frënn, mat deene si sech iwwer den Doud eraus verbonne fillen: datt si ëmmer a Gottes Léift gebuerge sinn, dofir loosse mir bieden.
Gott, däi Wierk ass et, wann et an der Welt Léift gëtt a wa Mënschen zouenee fannen. Mir bieden dech: Looss äis deng Léift erfueren, esou wéi däi Jong, Jesus Christus, äis et versprach huet. Amen.
* * *
Loosst mer bieden fir dN. an den N.: Datt si frou a glécklech ginn an hirem Liewen mateneen, datt si sech zesummen asetze fir Gerechtegkeet a Fridden.
Datt si fir hir Kanner gutt Erzéier sinn an hinnen en Heem ginn, wou si Léift, Gebuergenheet an Halt fannen a mat Vertrauen a Verantwortung an dLiewe kënne kucken.
Datt si mat vill Léift a schéinen a schwierege Stonnen zesumme sinn.
Datt hir Elteren, Geschwëster, Frënn, hir Inviteën an all Leit, déi heibanne sinn, duerch dës freedeg Feier neie Courage kréien, fir hir eege Léift nach méi ze verdéi-wen.
Datt all Mënschen, grad och déi, deenen et am Moment manner gutt geet, op hirem Wee zu Gott déi Freed, dat Gléck, dat Vertrauen a Gottes Léift fannen, déi si dofir brauchen.
* * *
Fir déi jonk Koppel, déi sech hirt Jo-Wuert ginn huet a fir all bestuedte Leit: datt si nach laang no hirem Hochzäitsdag un der Verdéiwung vun hirer Léift plangen a schaffen an och a schwierege Situatiounen zouenee stinn. Duerfir biede mer.
Fir dFamillje vum Brautpuer: datt si dene jonke Leit mat Rot a mat Dot zur Säit stinn an trotzdem hir Fräiheet an Onofhängegkeet respektéieren. Duerfir biede mir.
Fir déi Stéit, déi a Schwieregkeete sinn: datt si léieren fair ze streiden an dKraaft hunn, fir e gemeinsame Wee ze fannen. Duerfir biede mir. Amen.
* * *
Herrgott ! Bleiw du beim N. a beim N. Schenk hinnen dGeloossenheet, dat hinzehuelen, wat si net ännere kënnen, schenk hinnen de Courage, dat ze änneren, wat si ännere kënnen, schenk hinnen dWäisheet, dat eent vun deem aneren ze ënnerscheeden, duerch Christus, eisen Här. Amen. |
| Wann dBestietnes am Kader vun enger Mass gefeiert gëtt, fänkt no de Fürbitten den eucharisteschen Deel vun der Feier un. |
Eucharistiefeier
Goweprëssëssioun
Eucharistescht Héichgebiet
Feierleche Brautsegen
Zelebrant: Herrgott, du hues dganz Welt erschaf, mat allem, wat lieft;
Du hues Mann a Fra erschaf no dengem Bild, an hiert Zesummeliewe geseent.
Haut hues du hei an der Kierch den N., an dN. fir dLiewen zesummegeféiert.
Du wëlls, datt si elo hire Stot opriichten; si sollen Dag fir Dag an hirer Léift wuessen, nom Beispill vum Här Jesus, deem seng Léift zu de Mënschen esou grouss war, datt si hie bis un dKräiz an den Doud geféiert huet.
(Hie schenkt sech hinnen elo an der helleger Kommunioun).
Duefir biede mer dech: Seen dës (jonk) Koppel hei, hal Hand iwwert déi zwee, déi hei virun dir knéien, maach si staark an der Léift a fest an der Trei.
Looss si zesumme glécklech ginn a spiren, wat fir eng Freed et ass, a Christus firenaner dozesinn.
Hir Léift, Herrgott, déi deng Léift zum Virbild huet, soll dQuell si vun neiem Liewen.
Si solle lauschteren de Ruff vun hire Matmënschen, déi Hëllef brauchen, an hiert Heem soll op si fir anerer.
Si solle matschaffen, fir éng méi gerecht a bridderlech Welt opzeriichten.
Sou solle si hirer mënschlecher a chrëschtlecher Beruffung trei bleiwen.
(Si sinn elo Gäscht un dengem Dësch).
Looss si eng Kéier mat hirer Famill um éiwegen Houchzäitsiessen deelhuelen an dengem Räich.
Duefir biede mer dech, duerch Christus, eisen Här.
Alleguerten: Amen.
* * *
Herrgott! Looss dN. an den N. net eleng!
Bleif bäi hinnen, datt si a freedege Stonnen Dech luewen, an traurege Momenter bei Dir Trouscht fannen, an der Nout Deng Hëllef spiren!
Looss hire Stot zu enger Plaz ginn, wou et gutt ass ze liewen.
Hëllef hinnen, anere Courage ze maachen an Zeie fir Deng Guttheet ze sinn!
Duerch Christus, eisen Här. - Amen.
* * *
Du hues de Mënsch geschafen, Mann a Fra, ee fir deen aneren, onzertrennlech.
Kuck mat zäertlecher Suerg op dN. an den N., a looss si net méi aus den Aen.
Ënnert dengem Bléck soll hir Léift wuessen.
Hiert Gléck solle si fannen, wa sich sech ëmmer méi déif unhuelen een deen aneren.
An der Freed léier si dankbar sinn.
DLeed looss se zesummen droen.
Hir Léift sief eng Quell vu Liewen wann se dat Bescht vu sech selwer hire Kanner mat op de Wee ginn; wa se hir Diren opmaachen fir déi, déi si brauchen; wann hire Stot an hir Aarbecht e weidere Baustee sinn um Chantier fir eng besser, méi gerecht a friddlech Welt, an däer et derwäert ass ze liewe fir déi Generatiounen, déi no äis kommen. Amen. |
Kommioun
Gebiet vun de Brautleit (no der Kommioun): |
Kommioun
Herrgott, du hues äis geruff, fir zesummen eise Stot ze grënnen.
Gëf du äis dGnod, eisem Heem duerch deng Léift Liewen ze ginn. Schenk all denen, déi dra wunnen, Freed an Trouscht a maach eist Haus an eist Häerz op fir all, déi un dDir klappen.
Léier du äis weider ze wuessen een um aneren, ënnert dengem Bléck, däi Wëll zerfëllen all Dag vun eisem Liewen, mat dir iwwert eis Pläng ze schwätzen an deng Hëllef ze froen, dir Freed a Leed zafferen an dKanner, déis du äis gës, bei dech ze féieren.
Herrgott, du bas dLéift. Mir soen dir merci fir äis Léift. - Amen. |
| Eng Koppel vun de Gäscht kann dës Gléckwënsch, z.B. virum Sege virliesen: |
Gléckwënsch
Mir wënschen Iech Zäit. DZäit, déi Dir braucht, an dZäit, déi Dir hut, dZäit, déi vergeet, an dZäit, déi Iech bleiwt, dZäit fir Iech selwer an dZäit zu zwee.
Mir wënschen Iech Léift. DLéift, déi Dir gitt, an dLéift, déi Dir kritt, dLéift, déi Dir fillt, an dLéift, déi Dir wëllt, dLéift vum Ufank an dLéift vum Schluss.
Mir wënschen Iech Sträit. De Sträit, dien Iech fuerdert, an de Sträit, dien Iech fördert, de Sträit, dien Iech enttäuscht, an de Sträit, dien Iech opklärt, de Sträit ëm Nähe an de Sträit ëm Distanz.
Mir wënschen Iech Glawen. De Glawen un Iech selwer, an de Glawen un dien aneren, de Glawen, dien Iech Mutt mecht, an de Glawen, deen Iech tréischt, de Glawen un dZukunft an de Glawen u Gott.
Mir wënschen Iech Fräiheet. DFräiheet, déi Iech ëntfesselt, an dFräiheet, déi Iech ustréckt, dFräiheet, déi Iech ofléisst, an dFräiheet, déi Iech erléisst, dFräiheet zum Ech an dFräiheet zum Du.
Mir wënschen Iech Freed. DFreed, déi Iech versetzt, an dFreed, déi sëtze bleiwt, d'Freed déi dir Iech maacht, an dFreed, déi Iech gemaach gëtt, dFreed, een um aneren an dFreed um Liewen.
Mir wënschen Iech Zäertlechkeet. DZäertlechkeet, déi Iech opwiermt, an dZäertlechkeet, déi Iech waarm hält, dZäertlechkeet, déi Iech afänkt, an dZäertlechkeet, déi Iech opfänkt, dZäertlechkeet vum Spill an dZäertlechkeet vum Eeschtfall.
Mir wënschen Iech Frënn. DFrënn, déi Dir gär hut, an dFrënn, déi Iech gär hunn, dFrënn, déi Dir braucht, an dFrënn, déi Iech brauchen, dFrënn vu fréier an dFrënn vu spéider a mir wënschen äis: Är Frënn kënnen ze sinn.
Iwwersat nom Conrad M. Siegers |
| Segen |
Segen
Zelebrant: Den Herrgott, de Papp vun alle Mënschen soll iech seng Freed schenken an iech senen (an är Kanner).
Alleguerten: Amen.
Zelebrant: Eiser Här Jesus Christus, säi Sonn, soll bei iech si mat senger Kraaft a schéinen an a schwéieren Deeg.
Alleguerten: Amen.
Zelebrant: Den Hellege Geescht soll iech bäistoë mat senger Léift an iech eens erhalen an der Trei.
Alleguerten: Amen.
Zelebrant: Iech an all, déi hei ëm iech sinn, soll eiser Herrgott senen:
De Papp + an de Sonn an den Hellege Geescht.
Alleguerten: Amen.
* * *
Zelebrant: Eiser Herrgott soll iech eens erhalen fir datt Christus ka bei iech sinn.
Alleguerten: Amen.
Zelebrant: Hie soll iech sene mat äre Kanner an iech Frënn ginn an der Nout.
Alleguerten: Amen.
Zelebrant: Dir sollt Zeie si vu senger Léift an een Häerz hu fir déi Arem.
Alleguerten: Amen.
Zelebrant: An dir, léif Frënn, ronderëm dëst Puer, eiser Herrgott soll iech senen:
De Papp an de Sonn an den Hellege Geescht.
Alleguerten: Amen.
* * *
Mir ruffen elo dem Herrgott säi Segen nach eng Kéier op dat jongt Brautpuer erof: Papp am Himmel. Du hues Fra a Mann no dengem Bild erschaf. Du hues gewollt, dass si sech sollte fireneen entscheden an du hues hiren Entschloss geseent.
Gëf, datt déi zwee Gléck fannen andeems si sech een deem anere schenken a schenk hinnen déi Kanner déi si sech wënschen, Kanner déi hinne vill Freed bereden.
Stéi hinne bäi an hire schwéiere Stonnen an huel si eng Kéier, nodeems si laang Jore glécklech zesumme geliewt hunn, an däi Räich op duerch Christus eisen Här! - Amen.
* * *
Den Herrgott soll iech zesummenhalen an ärer Léift an e soll se all Dag wuessen an nei gi loossen.
Är Kanner sollen de Sege si vun ärem Stot; si sollen iech all déi Freed, déi dir hinne maacht, a räichem Mooss erëmschenken.
De Fridde vu Jesus Christus soll doheem bei iech wunnen. Äert Zesummeliewen doheem soll fir aner Koppelen e Beispill si vun engem flotte Stot, wou et gudd ass ze liewen.
Är Aarbecht soll geseent sinn, fir datt déi deeglech Suergen iech net erdrécken, awer och de Wuelstand iech net oflenkt, fir nom Herrgott ze sichen.
Trei Frënn sollen iech zur Säit stoen, fir är Freed ze delen an äert Leed matzedroen.
All Mënsch, dien an Nout ass, soll bei iech eng oppen Hand an eng oppen Dir fannen.
Den Herrgott soll iech senen an iech net eleng loossen äert ganzt Liewe laang.
De Papp, an de Sonn an den Hellege Geescht. - Amen. |
|
|