
Sessiounen op Lëtzebuergesch
Zu engem Bestiednes gehéiert méi wéi d'Gefill vu Léift, méi wéi «t wäert schons goën» a méi wéi zwou Persounen. Frëndschaft, Partnerschaft a Léift falen engem net esou einfach an de Schouss. Fir e laange Wee -vläicht en halleft Jorhonnert- flott a sënnvoll z'erliewen, sinn e puer Stonne Viirberedung gudd investéiert.
An dësem Dépliant sinn all Formulen vu «Préparation au Mariage» hei zu Lëtzebuerg opgezielt. Maacht Äere Choix.
Méi Viirberedung bedeit méi Zäit investéieren. Op engem WE oder an Owescouren kënne méi Themen verdéift ginn. Op enger Journée ass nëmmen eng Auswiel méiglech. Generell gi pro Sessioun 10 Koppelen ugeholl.
WEEK-END Couren
Dir sidd voll amgang Äer Hochzäit ze préparéiren ...
Dir huet keng Minutt Zäit méi fir Iech ...
Dir sidd gestresst ...
HUELT IECH E WEEK-END ZÄIT FIR IECH!
Otemt emol richteg duerch!
Äer Léift ass wertvoll!
Schenkt hier e Week-End!
Mir bidden Iech
- En idyllesche Kader zu Medernach
- E soignéierten Accueil
- Animéiert Échangen
- Interactiv Methoden
- Zäit fir Reflexioun a Partage a
- Ganz vill Zäit fir Iech an Äer Léift!
Verbrëngt e flotte Week-End mat anere Koppelen an Äerem Alter, di sech och geschwënn bestueden!
Mir fréen eis Iech kennen ze léiren, bis geschwënn...
samschdes 15 Auer bis sonndes 17 Auer mat Iwwernuechtung
dëst ass eng Initiativ vun der Por, vun der Dikkrecher Equipe
Käschtebäitrag pro Persoun: 60 €
| WE 08 WE 19 |
Miedernach Miedernach |
13. - 14. Mäerz 2010 29. - 30. Mee 2010 ANNULE |
ZESUMME GOEN een Dagestour mat Rucksak
Fir der Léift eng Chance ze gin, geet et mat dëser Formel wuertwiertlech mat Rucksak vun 10 - 17 Auer duerch Déck an Dënn. Ënnerwee am Dialog entdecke mer déi philosophesch, spirituell, reliéis a psychologesch Dimensiounen vu Léift a Partnerschaft. Bei all Wieder gëtt dësen animéierten Fousstour (+-10 km) en eemolegt Erliefnes mat themateschen Impulser a Kommunikatiounsübungen.
(Dëse Cours ass nët méiglech mat Kanner oder Hond.)
organiséiert vum Familljen-Center CPF
Käschtebäitrag pro Persoun: 20 €
| JD 12 JD 24 |
Rëmerschen Rëmerschen |
Sa. 20. Mäerz 2010 COMPLET Sa. 26. Juni 2010 COMPLET |
JOURNEE Couren
vun 9 bis max. 18 Auer, mat gemeinsamen Mëttegiessen
organiséiert vum Familljen-Center CPF - deels an Zesummenaarbecht mat de Patere vu Clairefontaine oder Poren
Käschtebäitrag pro Persoun: 40 €
| J 01 J 02 J 06 J 07 J 11 J 14 J 17 J 19 J 22 J 23 J 25 J 26 J 28 |
Differdange Clairefontaine Eschduerf Fünfbrunnen Belair Belair Eschduerf Medernach Clairefontaine Bouneweg Fünfbrunnen Bouneweg Clairefontaine |
Sa. 30. Januar 2010 So. 31. Januar 2010 Sa. 06. Mäerz 2010 ANNULE So. 07. Mäerz 2010 COMPLET So. 14. Mäerz 2010 COMPLET So. 18. Abrëll 2010 COMPLET Sa. 08. Mee 2010 COMPLET So. 30. Mee 2010 neie Cours So. 06. Juni 2010 COMPLET Sa. 12. Juni 2010 COMPLET So. 27. Juni 2010 Sa. 03. Juli 2010 So. 11. Juli 2010 |
Niewt den Ehevirberedungscouren bidde mir zousätzlech verschidden Atelieren un:
Atelier médical
Léift a Sexualitéit am Dialog mat eisem Glawen
Informatiounen an Austausch
Amour et sexualité en dialogue avec notre foi
Informations, échange et partage
| AM 29 | Lëtzebuerg | Do. 11. Mäerz 2010 |
Atelier: Kiirchlech Hochzäit
Firwat net eis kiirchlech Hochzäit selwer virbereeden?
Mee wéi ? Wat ? Wou ?
Mass oder Wuertgottesdéngscht?
Thema vun der Feier?
Wat musse mir soën ?
Wéi eng Texter, Gebieder, Lidder?
Äer Hochzäit ass en eemolege Moment am Liewen vun Äerer Koppel, Äere Familljen a Frënn. Wann Dir Spaass hätt, fir Äerem kiirchleche Bestiednës inhaltlech eng perséinlech Note ze ginn, da sidd Dir an dësem Atelier richteg. Dir kritt de Ritual erkläert, Texter virgestallt, fir dass Dir duerno mam Paschtouer/Diakon den Oflaaf vun der Feier kënnt ofschwätzen.
| AR 30 AR 31 |
Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
Do. 06. Mee 2010 Dë. 11. Mee 2010 |
Atelier: Juristesch Informatiounen
Informatiounen iwwert:
* d'Rechter an d'Pflichten an der Koppel
* de contrat de mariage
* Ierfschaftsrecht
| AJ 33 AJ 35 |
Itzig Itzig |
Më. 17. Mäerz 2010 annulé Më. 19. Mee 2010 COMPLET |
Online Umeldung
2 - 3 Méint am viraus mat der Fiche dInscription, déi Dir entweder bei Äerem Paschtouer oder beim Familljen-Center CPF (Tel. 47 45 44) kritt:
Préparation au mariage
3 place du Théâtre
L-2613 Luxembourg
Detailer ginn 10 Deeg am viraus matgedeelt, de Käschtebäitrag gëtt op der Plaz bezuelt.
Lëtzebuergesch Texter fir d'Hochzäitsmass
Bréif vum Här Erzbëschof vu Lëtzebuerg
Léif Koppel,
Dir zwee hut Iech gär, an Dir wëllt Iech matenee bestueden. Ee vis-à-vis vum aneren wëllt Der Iech engagéieren, an zwar fir Äert Liewen. Et geet also net ëm eppes Halwes, mä ëm eppes Ganzes.
Zu dem courajéierte Schrëtt wëll ech Iech gratuléieren, an Iech all Guddes wënschen, besonnesch dem Härgott säi Segen. Hie kënnt jo, am Sakrament vum Mariage, an Äer Liewensgemeinschaft eran, fir si opzebauen, ze stäerken an ze vollenden. Baut doropper!
Näischt Halwes, mä eppes Ganzes! Duefir muss et och gudd virbereet gin. Sech géijesäiteg richteg kennen- a schätzeléieren, dat ass déi wichtegst Viraussetzung. Awer och an de Couren vun der Préparation au Mariage sollt Dir wichteg Aspekter an Elementer am Zesummenhank vun dem Liewensengagement vermëttelt kréien oder matenaner bespriechen. Ech giff wënschen, datt déi Couren an déi gemeinsam Reflexioun eng echt Beräicherong fir Iech duerstellen, sou dass Dir si zum Wuel vun Äerem Stot, den der grënnt, kënnt verwäerten.
Ech wëll awer och all deene merci soën, déi sech - oft fräi-wëlleg an onentgeltlech - asëtzen fir dës Couren. Si brénge vill vun hirem Wëssen a Kënne mat, sief et als Theologen, Pädagogen, Dokteren, Psychologen oder als Juristen. An net zulescht hir Erfahrung aus dem eegene Mariage.
Iech all wënschen ech eng fruchtbar Zesummenaarbecht! Si soll leschtlech am Déngscht vun deene Wäerter stoën, déi eis Familljen opbauen: Solidaritéit, Léift, Vertrauen an Trei. An dat fir d'Wuel vun eiser Gesellschaft, och vun der Kiirch a fir d'Gléck vun deenen, déi de Schrëtt an d'Liewen gemeinsam ënnerhuelen.
Dozou meng bescht Gléckwënsch!
Äeren Erzbeschof Fernand Franck











